ENG JONK AN DYNAMESCH EQUIPE VU PROFESSIONELLEN AUS DEM GESONDHEETSBERÄICH WAART OP IECH. SPEZIALISÉIERT AN DE VERSCHIDDENSTE BERÄICHER AUS DER GESONDHEET BIDDE MIR IECH E GROUSSE SPEKTRUM U PRESTATIOUNE FIR ALL ALTER UN. AGREÉIERT VUM MINISTÈRE DE LA FAMILLE ET DE L’INTÉGRATION A KONVENTIONÉIERT MAT DER GESONDHEETSKEESS AN DER FLEEGEVERSÉCHERUNG SI MIR DO, WANN DIR EIS BRAUCHT.

Eng richteg holistesch Approche, dat heescht, datt mir eng global Siicht vun eise Patienten hunn a se mat Respekt virun hier Liewensgewunnechten an hirer Personalitéit fleegen.
Mir limitéieren d'Unzuel vun eise Patienten a garantéieren op déi Aart a Weis eng Qualitéit vun eise Fleegen an Hëllefen, déi mir ubidden. Eis Akten a Fleege kënnen natierlech iwwert déi Dauer, déi am Fleegeplang virgesi sinn, eraus goen, a mir passen eis Zäit dem Besoin vum Patient un an dat ouni zousätzlech Onkäschten.

Garantéiere vun enger qualitativ wäertvoller Fleeg an enger regelméisseger Aktualisatioun vun der Fleegestruktur duerch individualiséiert Fleeg. Eng partizipativ Fleeg «de Patient ass Acteur vu senger Fleeg» D'Autonomie vum Mënsch behalen an fërderen D'Relatiounen ze stäerken, andeems mir fir all Patient eng Referenzpersoun zur Verfügung stellen.

A domicile : 7j/7 de 06:00 à 22:00 - Garde de nuit

Prenez rendez-vous

Fir den onkontrolléierbaren Ausgaben am Fall vu längerer Krankheet entgéint ze wierken, bidde mir Iech verschidde Formelen un, déi aus Servicer a Material zesummegesat sinn an op Äre Besoin ofgestëmmt sinn. Déi Formel, déi Dir pro Mount kontraktéiert, erméiglecht Iech de finanziellen Impakt am dagdeegleche Liewe besser ze regelen.

FLEEG

  • Infirmierakten: Bluttanalysen, Verbänn, Baxteren, Injektioune SC/IM, Bluttzockerwäert a Bluttdrock moossen etc.
  • Hëllef bei der Kierperfleeg: als Komplett- oder als Deelwaschung
  • Preparatioun an Verofreeche vu Medikamenter
  • Personaliséiert Educatioun entspriechend der Krankheet:
  • Ernährung, Bewegung, soziokulturell Aktivitéiten
  • Therapeutesch Iwwerwaachung: Diabetes, Wéi etc.
  • Psychologesch Begleedung vum Patient an sengem Ëmfeld* : bei seeleschem Leiden, Sozial Reintegratioun, Präsenz bei schwéiere Momenter am Liewen
  • Konscht-Therapie
  • Sophrologie

HËLLEFEN

  • Aarbecht am Haushalt**: botzen, strecken etc.
  • Hëllef a Bäistand beim Akafe**
  • Hëllef bei der Ernährung
  • Garden/Wuechten**
  • Hëllefstellung bei administrative Froen
  • Begleedung an Ënnerstëtzung dobausse**: Spadséiergäng, Kulturell Ausflich, etc.
  • Services d’entretien*: Bricoléier- a Gaardenaarbechten
  • Versuerge vun Ären Hausdéieren etc.

BIEN ÊTRE

  • Pédicure Médicale/ Podologie
  • Massothérapie, Relaxologie, Coach sportif
  • Vente de produits et matériel de soins et livraison à domicile
  • Location de matériel de soins
  • Sorties organisées et participation aux événements